
Den 11. Mäerz 2026 huet eng Delegatioun aus dem Bachelor an de Bildungswëssenschaften (BScE) vun der Universitéit Lëtzebuerg e Besuch zu Uewerkuer gemaach, fir déi konkret Ëmsetzung vun „ALPHA – zesumme wuessen“ an de Klasse vun de Cyclen 2 an 3 ze observéieren. Dës Visitt war Deel vun engem strukturéierten Austausch- a Reflexiounsprozess ronderëm d’Ausbildung vun zukünftege Léierpersounen an d’Verknëppung tëscht theoretescher Ausbildung a schoulescher Praxis.
D’Participantë kruten Ablécker an eng Vilfalt u pedagogeschen Approchen am Unterrecht a konnte sech dobäi intensiv mat den Enseignantë vun der Pilotschoul austauschen.