PILOTPROJET
Zanter der Schoulrentrée 2022/2023 huele véier Grondschoulen um Pilotprojet „ALPHA - zesumme wuessen” deel: d'Schoul Uewerkuer aus der Gemeng Déifferdéng, d'Schoul Deich vun Diddeleng, d'Fielser Schoul an d'Nelly Stein Schoul vu Schëffleng.
De Pilotprojet ass vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, zesumme mat de Gemengenautoritéiten, de Regionaldirektiounen an de concernéierte Schoule lancéiert ginn. D'Enseignante ënnerstëtzen d'Eltere fir de beschte Choix fir hiert Kand ze treffen: entweder eng Alphabetiséierung op Däitsch oder op Franséisch.

Wëssenschaftlech Begleedung
1. Wëssenschaftlechte Rot
De wëssenschaftleche Rot, deen am Kader vum Pilotprojet gegrënnt gouf, huet als Missioun, säin Avis iwwert d'Entwécklung, d'Ëmsetzung an de Progrès vum Pilotprojet ofzeginn.
De wëssenschaftlechen Rot setzt sech zesummen aus:
Dr. Pierre Escudé (Université de Strasbourg)
Prof. Dr. Antoine Fischbach (Observatoire national de l'enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire)
Prof. Dr. Thierry Geoffre (Université du Luxembourg)
Dr. Christine Hélot (Université de Bordeaux)
Prof. Dr. Claudia Polzin-Haumann (Universität des Saarlandes)
Dr. Marc Schmidt (Centre de Logopédie Luxemburg)
Berichter
2. Evaluatioun duerch de Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET)
De Pilotprojet „ALPHA - zesumme wuessen″ gëtt vum LUCET (Luxembourg Centre for Educational Testing) am Laf vun deenen nächste Joren am Kader vum nationale Schoulmonitoring, de längsschnëttlech ugeluechten „Épreuves Standardisées“ (kuerz ÉpStan), wëssenschaftlech begleet. Dofir ginn d’ÉpStan och an deenen nächste Jore kontinuéierlech ausgebaut.
An de franséische Pilotklassen am éischte Joer vum Cycle 2 ginn, genau wéi an deenen Klassen, déi ob Däitsch alphabetiséiert ginn, Tester zum Lëtzebuergesch Héierverstoen an zur Mathematik duerchgefouert. Well an de franséische Pilotklassen den Accent net um Däitschen, mee um Franséische läit, ginn zur Erfaassung vun de Virleeferfäegkeete vun der Alphabetiséierung op Franséisch folgend zwee zousätzlech ÉpStan-Tester duerchgefouert:
compréhension de l'oral en français
premiers pas vers l'écrit
Esou wéi fir déi aner ÉpStan-Tester, ginn dës konzeptuell änlech Tester vu Fuerscher an Enseignantën zesummen an Aarbechtsgruppen entwéckelt.
Nieft de Kompetenztester, wäerten d’Schüler aus dem Pilotprojet och déi existéierend ÉpStan-Questionnairen zur Motivatioun, fir op Franséisch ze léieren, ausfëllen. D’Elterequestionnairen, wéi et se haut gëtt, ginn net just duerchgefouert, mee och erweidert (zum Beispill bezüglech der Aart a Weis, wéi Elteren hir sproochlech Méiglechkeeten aschätzen, hir Kanner an hirem schoulesche Léieren ze ënnerstëtzen).
Nom erfollegräichen éischte Pretest am éischte Joer vum Cycle 2 zu Schëffleng am Hierscht vum Schouljoer 2022/23, gi säit dem Schouljoer 2023/24 all déi franséisch Pilotklassen unhand vun deenen neie validéierte Kompetenztester evaluéiert. Baséierend op dësen duerchgefouerten Tester sinn am Fréijoer/Summer 2024 preliminär Resultater zu de Kanner hire Kompetenzen an hirer Motivatioun ze erwaarden a ginn an engem éischte Rapport verëffentlecht. Am Laf vun deenen nächste Jore wäerten zousätzlech längsschnëttlech Resultater vun de Schüler verëffentlecht ginn, déi nei Erkenntnisser zum Pilotprojet liwweren.
Wéi och bei der Begleedung vun den internationalen ëffentleche Schoulen, ass de Verglach vu Kompetenztester an ënnerschiddleche Sprooche psychomeetresch limitéiert, well et och am Pilotprojet verhältnisméisseg kleng Fallzuele sinn. Aussoen zur Léiermotivatioun an Aschätzunge vun den Eltere sinn awer direkt vergläichbar.
Berichter
3. Universitéit Lëtzebuerg

Ab Oktober 2024 organiséiert d'Uni Lëtzebuerg Fokusgruppen mat den Eltere vun de Schülerinnen a Schüler, déi um Pilotprojet deelhuelen. Dës Sessioune behandele verschidden Themen, dorënner d'Motivatioune vun den Eltere fir de Choix vun der Alphabetiséierungssprooch, d'Orientéierungsprozedur, d'Elterenbedeelegung, hir Zefriddenheet mam Projet, an d'Relatioun an d'Kommunikatioun tëscht der Schoul an der Famill.
Berichter
4. SCRIPT
De SCRIPT evaluéiert déi follgend Schlësselkriterien:
Unzuel vun de Zyklusverlängerung
Participatioun vun de Schülerinnen a Schüler
Aschätzung vun den Enseignanten aus de Pilotschoulen
Aschätzung vun de regionalen Direktiounen
Berichter
5. Europäesch Kommissioun
De Learning Lab vun der Europäescher Kommissioun analyséiert déi direkt an indirekt Auswierkunge vum Projet.
Links
Pilotschoulen
Grondschoul Déifferdeng – Schoul Uewerkuer

D'„Schoul Uewerkuer″ ass eng vun de 5 Grondschoule vun der Gemeng Déifferdeng.
An enger éischter Phase ass de Pilotprojet fir d'Rentrée 2022/2023 am Cycle 1 ugelaf.
Wärend dem Schouljoer 2023/2024 goufen an 2 Klasse vum éischte Joer vum Cycle 2 ingesamt 28 Schüler alphabetiséiert, dovunner 14 Schüler op Franséisch a 14 Schüler op Däitsch.
Am Schouljoer 2024/2025 goufen am éischte Joer vum Cycle 2 12 Schüler op Franséisch alphabetiséiert a 24 Schüler op Däitsch. Am zweete Joer vum Cycle 2 ware 16 Schüler am ALPHA FR-Grupp a 16 Schüler am ALPHA DE-Grupp.
Am Schouljoer 2025/2026 huelen am Ganzen 91 Schülerinnen a Schüler, verdeelt op sechs Klassen, um Pilotprojet deel.
De Cycle 2 ëmfaasst 64 Schülerinnen a Schüler: Am éischte Joer vum Cycle 2 gi 16 Schülerinnen a Schüler op Franséisch a 16 op Däitsch alphabetiséiert; am zweete Joer vum Cycle 2 gi 14 Schülerinnen a Schüler am ALPHA FR-Grupp an 18 am ALPHA DE-Grupp ënnerriicht. Dat éischt Joer Cycle 3 ëmfaasst 27 Schülerinnen a Schüler, dovu ginn der 10 an den ALPHA FR-Grupp a 17 an den ALPHA DE-Grupp.
Grondschoul Diddeleng - Schoul Deich

D'„Schoul Deich″ ass eng vun de sechs Grondschoulen an der Gemeng Diddeleng.
Fir d'Rentrée 2022/2023 gouf de Pilotprojet an der Schoul lancéiert, dëst an enger éischter Phas am Cycle 1.
Wärend dem Schouljoer 2023/2024 hunn zwou gemëschte Klassen mat am Ganzen 35 Schüler aus dem éischte Joer vum Cycle 2 um Projet deelgeholl, dovunner goufen 12 Schüler op Franséisch an 23 Schüler op Däitsch alphabetiséiert.
Am Schouljoer 2024/2025, waren et 13 Schüler, déi am éischte Joer vum Cycle 2 op Franséisch alphabetiséiert goufen, a 14 op Däitsch. Am zweete Joer vum Cycle 2 ware 17 Schüler am ALPHA FR-Grupp a 16 Schüler am ALPHA DE-Grupp.
Am Schouljoer 2025/2026 huelen am Ganzen 109 Schülerinnen a Schüler, verdeelt op sechs Klassen, um Pilotprojet deel.
De Cycle 2 ëmfaasst 67 Schülerinnen a Schüler: Am éischte Joer vum Cycle 2 ginn 19 Schülerinnen a Schüler op Franséisch an 10 op Däitsch alphabetiséiert; am zweete Joer vum Cycle 2 gi 18 Schülerinnen a Schüler am ALPHA FR-Grupp an 20 am ALPHA DE-Grupp ënnerriicht.
Dat éischt Joer vum Cycle 3 ëmfaasst 42 Schülerinnen a Schüler, dovu sinn der 9 am ALPHA FR-Grupp an 33 am ALPHA DE-Grupp.
Grondschoul Fiels - Fielser Schoul

D'„Fielser Schoul" ass déi eenzeg Grondschoul an der Gemeng Fiels.
Zanter dem Ufank vum Schouljoer 2022 gouf de Pilotprojet an enger éischter Phase am Cycle 1 lancéiert.
Wärend dem Schouljoer 2023/2024 ass de Projet an zwou Klassen vum éischte Joer vum Cycle 2 weidergaang. Am éischte Joer vum Cycle 2 waren am Ganze 26 Schüler ageschriwwe. Dovunner si 14 Schüler op Franséisch an 12 Schüler op Däitsch alphabetiséiert ginn.
Am Schouljoer 2025/2026 huelen am Ganzen 63 Schülerinnen a Schüler um Pilotprojet deel.
De Cycle 2 ëmfaasst 39 Schülerinnen a Schüler: Am éischte Joer vum Cycle 2 ginn 13 Schülerinnen a Schüler op Franséisch a 6 op Däitsch alphabetiséiert; am zweete Joer vum Cycle 2 ginn 11 Schülerinnen a Schüler am ALPHA FR-Grupp an 9 am ALPHA DE-Grupp ënnerriicht. Dat éischt Joer Cycle 3 ëmfaasst 24 Schülerinnen a Schüler, dovu sinn der 14 am ALPHA FR-Grupp an 10 am ALPHA DE-Grupp.
Grondschoul Schëffleng - Nelly Stein Schoul

D'„Nelly Stein Schoul″ ass eng vun den 3 Grondschoule vun der Gemeng Schëffleng.
Fir d'Rentrée 2022/2023 huet de Pilotprojet vun der Alphabetiséierung op Franséisch souwuel am Cycle 1 wéi och direkt am éischte Joer vum Cycle 2 ugefaangen. E Grupp vun 28 Schüler vum éischte Joer vum Cycle 2 ass mat der Alphabetiséierung gestart, dovunner 12 Schüler op Franséisch a 16 Schüler op Däitsch.
Wärend dem Schouljoer 2023/2024, sinn am éischte Joer vum Cycle 1 e Grupp vu 28 Schüler alphabetiséiert ginn, dovunner 12 op Franséisch a 16 op Däitsch. Am zweete Joer vum Cycle 2 waren et 14 Schüler, déi weiderhin op Franséisch liesen a schreiwe geléiert hunn a 16 op Däitsch.
Am Schouljoer 2024/2025 goufen am éischte Joer vum Cycle 2 15 Schüler op Franséisch alphabetiséiert a 10 Schüler op Däitsch. Am zweete Joer vum Cycle 2 ware 15 Schüler am franséische Grupp a 19 Schüler am däitsche Grupp. Dat éischt Joer am Cycle 3 ass gestart mat 12 Schüler am franséische Grupp an 13 Schüler am däitsche Grupp.
Am Schouljoer 2025/2026 huelen am Ganzen 111 Schülerinnen a Schüler, verdeelt op aacht Klassen, um Pilotprojet deel.
De Cycle 2 ëmfaasst 56 Schülerinnen a Schüler: Am éischte Joer vum Cycle 2 gi 15 Schülerinnen a Schüler op Franséisch a 14 op Däitsch alphabetiséiert; am zweete Joer vum Cycle 2 gi 17 Schülerinnen a Schüler an der franséischer Grupp an 10 an der däitscher Grupp ënnerriicht. Dat éischt Joer vum Cycle 3 ëmfaasst 29 Schülerinnen a Schüler: Et sinn 12 Schülerinnen a Schüler ALPHA FR- Grupp a 17 am ALPHA DE-Grupp op Däitsch alphabetiséiert. Dat zweete Joer vum Cycle 3 setzt sech aus 26 Schülerinnen a Schüler zesummen, dovunner ginn der 10 am ALPHA FR-Grupp a 16 am ALPHA DE-Grupp ënnerriicht.
Wëssenschaftlechte Rot
Enseignanten an Elteren



















