Nom Erfolleg vun der éischter nationaler Journée „ALPHA – zesumme wuessen“ am Forum Geesseknäppche gouf den 28. Abrëll 2026 eng zweet Journée am Kolléisch organiséiert. Ronn 350 Enseignanten aus de Cyclen 1 an 2 hunn deelgeholl. No der Keynote vum Dr. Marc Schmidt haten d’Participanten d’Méiglechkeet, sech op enger Foire iwwer didaktescht Material vum SCRIPT auszetauschen. Dobäi goufen ënnerschiddlech Materialie virgestallt, déi am Kader vun der Reform entwéckelt goufen.
De 7. Mee 2026 huet eng zweet Editioun vun der Journée „ALPHA – zesumme wuessen“ fir I-EBS an ESEB-Diagnostik stattfonnt, un där ronn 140 Participanten deelgeholl hunn. No enger Keynote vun der Charlotte van den Hove hunn d’Fachleit an zwee vun insgesamt aacht proposéierte Workshops geschafft. Dës Workshops hunn et erméiglecht, verschidden Themen am Zesummenhang mat der Begleedung an Ënnerstëtzung vu Schülerinnen a Schüler am Kontext vun enger méisproocheger an inklusiver Bildung ze verdéiwen.