
De 17. November 2026 koume ronn 400 Participanten am Forum Geesseknäppchen zesummen, fir un der nationaler Journée deelzehuelen, déi de SCRIPT an Zesummenaarbecht mam Europäesche Friemsproochenzenter (CELV) vum Europarot organiséiert huet.
Dës Journée stoung am Kontext vun der Reform “ALPHA – zesumme wuessen”, déi drop ausgeriicht ass, de verschiddene Sproocheprofiller vun de Schülerinnen a Schüler besser Rechnung ze droen. D'Schülerinnen an d’Schüler sollen, jee no hirem sproochlechen Hannergrond, op Däitsch oder Franséisch liesen, schreiwen a rechne léieren.
D’Journée huet d'Méiglechkeet gebueden, d'Ziler vun der Reform mat den europäeschen Iwwerleeungen an Erfarungen am Beräich vun der méisproocheger Bildung a Verbindung ze bréngen.
D'Catherine Carré-Karlinger, Expertin am europäesche Projet „Supporting Multilingual Classrooms“ vum CELV, huet d'Chancen an d'Erausfuerderunge vun der sproochlecher Villfalt am Klassesall beliicht. Am Mëttelpunkt stoungen ënner anerem d'Wäertschätzung vum ganze Sproocherepertoire vun de Schülerinnen a Schüler, d'Sproochesécherheet an d'Mediatioun tëschent de Sproochen. Dës Aspekter spillen och am pedagogeschen Usaz vun der Reform “ALPHA – zesumme wuessen” eng wichteg Roll.
Eng Ausstellung mat pedagogeschem Material huet de Participanten zousätzlech d'Méiglechkeet gebueden, Ressourcen op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch souwéi konkret Ureegungen zur Ënnerstëtzung vum Léieren a sproochlech villfältege Klasse kennenzeléieren.
Duerch d'Verbindung vun den europäesche Perspektive mat den Erfarungen aus der lëtzebuergescher Schoulpraxis huet d’Journée dozou bäigedroen, den Austausch an d'Reflexioun iwwer d'Ëmsetzung vun der Reform “ALPHA – zesumme wuessen” weider ze verdéiwen.